QualitéitsmanagementFir kënnen dës exigent Aufgab um Telefon ze erfëllen, mussen d’Mataarbechter sech op eng seriös Virbereedung, kontinuéierlech Ennerstëtzung a Weiderbildungen verloosse kënnen. Eng weider Viraussetzung ass déi gutt Zesummenaarbecht tëschent de Bénévollen an den ugestallte Mataarbechter, esou wéi de Vertrieder an den Aarbechsgruppen a Gremien (Mataarbechterrot, Conseil). Déi institutionell Bedingungen, Normen an Ofleef, déi fir dëst Zusammespill noutwendeg sinn, sinn an der „Qualitéitssécherung bei SOS Détresse – Hëllef iwwer Telefon“ festgeluecht.
|