Ziler an ZilgruppenZil vun eisem Engagement ass et, Mënschen an Nout eng diskret Hëllef unzebidden. D’Gespréich iwwer Telefon ass meeschtens einfach an onkomplizéiert ze réaliséieren: et brauch ee kee Rendez-vous ofzemaachen, néierens hinzegoen a sech och net ze weisen.All Joer hu mir ongeféier 3 000 Gespréicher mat Mënschen aus alle méigleche Liewenssituatiounen:
D’Aufgab vun de Mataarbechter um Telefon ass et, den Uriffer als empathesche Gespréichspartner zu begéinen. Uriffer an akuter Krise oder a laangwiereg schwierege Liewenssituatioune versiche mir am Gespréich ze ennerstëtzen, fir datt si erëm Zougang fannen zu hirer ënnerlecher Rou a perséinleche Stäerkten an domat kënnen nei Perspektiven an hirem Liewen entwéckelen. Ee wichtegt Zil besteet och doran, déi Betraffen z’ encouragéieren, anere Mënschen (erëm) kënnen ze vertrauen an hir Hëllef unzehuelen. |







