letzebuergeschfrancaisdeutsch
  


Lëtzebuerg

Eise wichtegsten Collaboratiounspartner ass de
Familljeministär
,
deen am Kader vun enger Conventioun déi fachlech Unerkennung an déi finanziell Sécherung vum Service garantéiert.

Zousätzlech dozou gi mir vun de
lëtzebuergesche Gemengen, sozial engagéierte Privatpersounen, Firmen, Associatiounen a Serviceveräiner
duerch Spenden an eiser Aarbecht ënnerstëtzt an encouragéiert.

Wichteg Partner sinn och
d’psycho-sozial Servicer
,
bei déi mir Uriffer orientéieren, déi eng aner Hëllef, wéi e Gespréich brauchen.

Eng ganz aner Art vu Collaboratioun erméiglechen eis déi
lëtzebuergesch Medievertrieder
,
déi eis bei der Vermëttlung vun Informatiounen a bei der Mataarbechterwerbung ënnerstëtzen.