letzebuergeschfrancaisdeutsch
  

Wichtegst Viraussetzung

fir bei eis kënne matzemaachen ass en éierlecht Interessi a Freed um Kontakt mat anere Mënschen.

  • Toleranz an Offenheet,
  • Interessi un psychologeschen Themen an
  • d’Bereetschaft fir Neies ze léieren,

sinn zousätzlech Qualitéiten, déi een onbedéngt muss matbréngen.

Fir sech kënne reegelméisseg a verbindlech ze engagéieren, mussen interesséiert Persounen souwuel psychesch belaaschtbar, wéi och zäitlech disponibel sinn.


Eemol am Joer lancéiere mir eng Aktioun an de Medien a bidden interesséierte Mënschen un, sech an eisem Ausbildungsgrupp op d’Aarbecht um Telefon virzebereeden.